|
Article on other languages:
|
D'Kleng Lëtzebuerger Schwäiz ass den Numm vun enger Géigend am Oste vu Lëtzebuerg. Si ëmfaasst ë.a. d'Uertschaften Iechternach, Bäerdref, Scheedgen, Konsdref, Beefort, Grondhaff a Mëllerdall. Hiren Numm huet se wéinst de Fielsen aus Lëtzebuerger Sandsteen, déi duerch Baachen a Flëss fräigeluecht goufen. Doduerch si Fielswänn, Hielen a Schlëff entstanen, déi Alpinisten, Natur- a Wanderfrënn gläichermoossen erfreen. Dës Hielen a Fielsvierspréng hu schonns an der Alsteenzäit (50.000 v. Chr.) de Mënsche Schutz gebueden. Archeologesch Fondsaachen wéi Feilspëtzten aus Feiersteen, mee och Rëtzen an de Fielswänn weisen drops hin, dass se och an der mëttlerer Steenzäit (Mesolithikum, 8.000 v. Chr.) vu Jeeër bewunnt waren. Dem 'eelsten Lëtzebuerger' säi Skelett (op 8000 v. Chr. datéiert), deen um Ufank vum 20. Joerhonnert um lieu-dit Loschbour ënnert engem Fielsvirsprong entdeckt gouf, kann haut am Naturmusée bewonnert ginn. D'Réimer hun d'Fielsen als Steebroch benotzt. Am Mëttelalter goufen hei d'Millesteng fir déi sëlleche Millen an der Ëmgéigend gewonnen (kuckt de Numm "Mëllerdall"). Zeien heivu sinn z.B. d'Huellay, d'Pitteschkummer an den Amphiteater bei Bäerdref. Zu Bäerdref steet och de 'Véiergëttersteen', op deem réimesch Gottheeten ze gesi sinn, an deen interessanterweis an der Kierch ënnert dem Altor steet. Zanter dem 19. Joerhonnert lackelt dës Géigend Touristen un. Dovunner zeien z.B. d'Nimm vu verschiddene Fielsformatiounen, déi aus dem Krimkrich (Perekop, Tour Malakoff) bzw. dem tiirkesch-russeschen Krich vun 1877-1878 (Schipkapass) stamen. Haut ginn et 40 km Trëppelweeër. Fir ze verhënneren, dass d'Natur zevill verschampeléiert gëtt, an déi fragil Vegetatioun zu Schued kënnt, ass den Alpinismus hautesdags reglementéiert. Leit, déi gäer klotere ginn, mussen eng Demande beim Ëmweltministère maachen an däerfen dat nëmmen op ausgewisene Plazen an der Wanterbaach bei Bäerdref. D'Kleng Lëtzebuerger Schwäiz ass Deel vum Däitsch-Lëtzebuergeschen Naturpark.
Publicatiounen
LinksInternExtern |
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.
Mercedes Car
This site monitored by SitePinger.net